Äre perséinleche Partner am digitalen Zäitalter!

Mir hëllefen Iech qualifizéiert Personal ze fannen, mei Opträg ze gewannen oder Social Media erfollegräich ze notze!

Äre perséinleche Partner am digitalen Zäitalter!

Mir hëllefen Iech qualifizéiert Personal ze fannen, mei Opträg ze gewannen oder Social Media erfollegräich ze notze!

Eis DNA

Transparenz

Transparenz an Éierlechkeet suerge fir eng vertrauensvoll Zesummenaarbecht!

Engagement

Zefridden Cliente sinn obligatoresch fir eis! Dësen Usproch erfuerdert natierlech Engagement!

Qualitéit

D’Streben no innovativen Usätz an héichwäertege Servicer suerge fir laangfristege an kontinuéierlechen Erfolleg.

Perséinlechkeet

Perséinlechkeet mécht Marken eenzegaarteg, authentesch an mënschlech. Dat wëlle mir weiderginn, virun allem awer selwer verkierperen!

Iwwer de Mathis Bartholmy

“Déi gréisst Succèse kommen aus der gréisster Upassungsfäegkeet” – Napoleon Bonaparte

Am Joer 2020 huet de Mathis seng éischt Schrëtt an der digitaler Geschäftswelt gemaach.. Den deemools 17-järege huet am B2C éischt Erfarunge mat Amazon Advertising an Social Media Marketing gesammelt.

De Mathis ass mat senger “Brand” innerhalb vun e puer Méint vu 0 op iwwer 1.000 Followergewuess. Zousätzlech war hien Content Creator bei der deemools gréisster privater Fußballseit am däitschen Raum!

Mat der Zäit huet hien awer erkannt, dat effektive Marketing ee risegen Afloss op de Erfolleg vun Entreprise kann hunn. Duerch déi digital Medien war et nach nie sou einfach wei haut fir mei Ëmsatz ze maan oder qualifizéiert Personal fir sech ze gewannen.

Besonnesch d’ Recrutement léit dem haut 22-järege um Häerze. D’ Gesellschaft, d’Schoul, d’Eltere gi fréi vir wei eng berufflech Weeër gutt sinn a wei eng net.

Mee entretemps kanneen Handwierkerwuel mindestens ähnlechhéich gesellschaftlech a finanziell Succèse erzielen wéi een Uni-Absolvent. Et ass un der Zäit, dës Denkmuster ze verännere a vum gesellschaftleche Fortschrëtt ze profitéieren!

Glécklech Stemme iwwert d’Zesummenaarbecht:

Client-Abbatoir-Ettelbruck-MB-Consulting

Marc Weber

Abbatoir Ettelbréck

Di 2 Profiller déi mer gesicht hunn, konnte mir dank Iech relativ schnell mat de passende Kandidaten besetzen. Besonnesch gutt hat mir gefall, dass sou vill Kandidate kuerzfristeg disponibel waren a mir ëmmer een Kommentar zu all Kandidat krute.

Client vun MB Consulting

B. Gelz

DesignstudiobB

Ganz gutt Berodung an Ëmsetzung vun der Werbung. D’ Zesummenaarbecht mécht vill Spaass a kann ech nëmme empfeelen.

Client MB Consulting

Guy Masselter

Moma Schräinerei

“Eis Recherche no engem talentéierten Schräinermeeschter konnte mir dank der Zesummenaarbecht mam Mathis erfollegräich ofschléisse.” Besonnesch impressionéiert huet eis déi stänneg Disponibilitéit an Reaktivitéit vun eisem direkte Uspriechpartner!

Recrutement

Mir ënnerstëtzen Entreprise fir qualifizéiert Personal ze fannen. Ob eemoleg Opträg oder laangfristeg Collaboratioune, béides ass méiglech. Eist Ziel besteet jiddefalls doran Firme laangfristeg no vir ze brénge.

 

Nei Clientèle gewanne

Eise Fokus léit och hei op laangfristegem Erfolleg. Dat geléngt, andeem mir d’Clientèle gewanne an Stammclientèle mei banne entwickeln – eng Visioun, déi all ambitionéierte Entrepreneur deelt.

Social Media

Social Media ass méi wéi nëmme Siichtbarkeet! Mir gestaltee är individuell Social Media-Strategie (fir är Présence um Marché ze erhalen/stäerke) a gezielt néi Clientèle oder Mataarbechter ze gewanne.

Bei Froe oder Interessi un enger Collaboratioun, mellt Iech hei: