“Werbung” war gëschter. Mir liwweren moossbar Resultater!

Mir hiewen ären Ëmsätz op en néie Niveau, sief et duerch gezielt Campagne, organesche Contenu oder eng Kombinatioun aus béidem.

“Werbung” war gëschter. Mir liwweren moossbar Resultater!

Mir hiewen ären Ëmsätz op en néie Niveau, sief et duerch gezielt Campagne, organesche Contenu oder eng Kombinatioun aus béidem.

D’Virdeeler

MB Consulting Neukundengewinnung - Moosbar Resultater

Moossbar Resultater duerch gudde Contenu

Dat Bescht un bezuelten Annonce ass déi onmëttelbar Moossbarkeet vun de Resultater. Als B2C-Geschäft fann dir är Zilgrupp och an den digitalen Medien (einfach Fakt, laut Statistiken!). D’Verantwortung léit also beim “Werbetreibenden”, duerch gezielt an iwwerzeegend Inhalter net nëmme är Zilgrupp ze areechen, mee och ze iwwerzeegen an letztendlech zum Kaf ze beweegen.

MB Consulting Neukundengewinnung - Reichweite steigern

Méi Siichtbarkeet a Reechwäit

Wann et eng Platz géing ginn, wou är Zilgrupp sech dagdeeglech ophalen géif, géif dir dann net och är Presence genau do pfleegen an verstäerke? Social Media ass eben genau déi Plaz, wou sech är Zilgrupp ophält. Profitéiert vun der Reechwäite, déi dir iwwer Social Media areeche kënnt.

MB Consulting Neukundengewinnung - Kosten einsparen

Bescht Präis-Leeschtungs-Verhältnis

Am Vergläich zu aner traditionelle Methoden sinn Social-Media-Annonce meeschtens mei käschteneffizient an areechen ee gréissere Public. Ons Asazbereetschaft fir den Erfolleg vun ärem Betrib, kombinéiert mam Reseau an der kontinuéierlecher Upassung kenne mir dat bescht Präis-Leeschtungs-Verhältnis bidde

Statistike zur “Neukundengewinnung” iwwert bezuelten Annonce:

Werbebudget verwalt (an Euro)

Verkaafte Produite

Joer Werbe-Erfarung

Heefeg gestallte Froe

Wei eng Roll spillen organesch Inhalter am Vergläich zu bezuelten Annonce?

Betriber sollen déi organesch Presence, virun allem op Meta, ëmmer als Basis gesinn. Obwuel déi grondsätzlech méi schwéier ze moossen ass, erméiglecht eng stäerk organesch Presence souwuel a) d’Genéieren vu mei organeschen Opträg – ouni Werbebudget an b) den Erfolleg vun der Campagne. Ee stabille organesche Branding kreéiert schonn am Virfeld mei Bekanntheet a virun allem vertrauen, wat d’Effektivitéit vun de Campagne steigert.

Wei eng Käschte kommen op mech zou?

D’Käschte fir eis kuerz an laangfristeg Léisunge sinn flexibel a ginn ëmmer individuell ugepasst. D’Offere fir d’Léisungen an deem hei Volet starten ab 1.000€. Ausnamen bestätegen d’Reegel, wei zum Beispill fir Bekanntheetscampagnen (fir Siichtbarkeet ze schaffen, ouni d’Ofsicht direkt Ëmsätz ze genéieren). Déi sinn mei käschtegënschteg.

Wéini kenne mir mat deenen éischten Opträg rechnen?

Dat variéiert jee no Service. Wann mir mat Campagnen schaffe, gesi dir déi éischt Resultater grondsätzlech an der éischter Woch.

Wéi eng Plattformen sinn sënnvoll?

Fir déi meescht Betriber sinn Meta (Facebook & Instagram) a Google zurecht déi beléiften Plattformen. Dës bidde eng breet Reechwäit an eng zilorientéiert Usprooch. Plattformen wéi YouTube, TikTok a LinkedIn sinn an engem 2. Schrëtt sënnvoll.