Mir besetzen är oppe Plazen
innerhalb vu 3-6 Wochen!

Recrutement – Made in Luxembourg

Recrutement fir déi mëttelstänneg Betriber

Mir besetzen är oppe Plazen innerhalb vu 3-6 Wochen!

Mir fannen déi passend Mataarbechter fir är Entreprise!

Sou kenne mir Iech dobäi ënnerstëtzen qualifizéiert Mataarbechter ze fannen:

MB Recruiting Autobunn

“D’Autobunn”

D’Recrutement huet sech an de letzte Joore staark verännert: Dei aktiv sichend Läit,déi Jobs op Jobportalen, Zeitungen oder bei der Adem siche, sinn kloer réckleefeg – an déi Léit sinn och ëfters keng wierklech “Fachkfräfte”.

Hautzedaags gëtt et däitlech méi passive sichend Läit: Mënschen, déi onzefridden sinn, awer net aktiv no Jobs sichen oder souguer zefridde Läit, déi awer oppe sinn fir besser Offeren.

Eisen Usaz besteet doran dat qualifizéiert Personal do ze sichen, wou si sech ophalen – dat ass op den soziale Medien.

MB Recruiting

“D’ Basis”

“D’Basis”, eng kloer an zilorientéiert Presence, ass besonnesch fir Firme, déi an Zukunft wuesse an reegelméisseg astelle wëllen, onverzichtbar. Firwat?

Duerch geziilt Inhalter kreéiere mir eng Relatioun zu de potenziellen Bewerber, wärend d’ Vermëttelen vun äre Wäerter, d’ Identifikatioun mat de passende Mataarbechter fuerdert – eng Grondlag fir laangfristegen Erfolleg.

Des weideren gëtt et kaum ee mei effektiven Wee, Begeeschterung an Unerkennungbei jonke Léit ze schafen oder al a falsch Denkmuster zu iwwerwanne.

Glécklech Stemme iwwert eis Recrutement-Léisungen:

Client-Abbatoir-Ettelbruck-MB-Consulting

Marc Weber

Abbatoir Ettelbréck

Di 2 Profiller déi mer gesicht hunn, konnte mir dank Iech relativ schnell mat de passende Kandidaten besetzen. Besonnesch gutt hat mir gefall, dass sou vill Kandidate kuerzfristeg disponibel waren a mir ëmmer een Kommentar zu all Kandidat krute.

Client-Boreiko-MB-Consulting

Marco Boreiko

Boreiko

“Mir si ganz zefridde mam Service, well mir länger no engem Dépanneur gesicht hunn an duerch d’Hëllef vum Mathis konnte mir een astellen.” Mir wäerten och an Zukunft ob de Service zréckgräife.

Client MB Consulting

Guy Masselter

Moma Schräinerei

“Eis Recherche no engem talentéierten Schräinermeeschter konnte mir dank der Zesummenaarbecht mam Mathis erfollegräich ofschléisse.” Besonnesch impressionéiert huet eis déi stänneg Disponibilitéit an Reaktivitéit vun eisem direkte Uspriechpartner!

Eise Recrutement an Zuele:

Werbebudget verwalt (an Euro)

Bewerbungen generéiert

"Werbeanzeigen" astellt

Heefeg gestallte Froe

Kënn dir op Erfollegsprovisioun schaffe?

Grondsätzlech net. Nëmme an bestëmmte Fäll mat extrem héischen Ufuerderunge kann eng Partnerschaft op Erfollegsprovision a Fro komme.

Grond dofir ass, dass mir erkennen, dass Läit déi wëlle op Provisioun schaffen dat néidegt Vertraue feelt fir iwwerhaapt eng gutt Zesummenaarbecht ze starten. Eng Kooperatioun ouni eng anstänneg Vertrauensbasis ze starte, mécht fir eis kee Sënn.

Wéini kënne mir mat den éischte Bewerber rechnen?

Dat variéiert jee no Stell Grondsätzlech sinn déi eischt Bewerber schon no 1-2 Deeg do!

Wei eng Käschte kommen op mech zou?

D’Käschte fir eis kuerz- a laangfristeg Léisunge sinn variabel. Wann mir vum kuerze Wee, enger “Social Recruiting-Campagne” schwätze, gëtt dëse Präis duerch verschidde Faktore beaflosst, wie beispillsweis der Unzuel vun den ze besetzenden Stellen, der Qualifikatioun vun de Profiller an deenen spezifesche Ufuerderunge vun ärem Betrib. Grondsätzlech befanne mir eis an engem déiwe 4-stellege Beräich!

Recommandéiert dir ee Foto-Shooting fir besser Resultater?

Jo. Gutt Resultater sinn zwar och ouni een professionelle Fotoshooting méiglech. Mee an der Reegel erliichtert et d’Zesummenaarbecht an d’Resultater sinn mat Shooting besser.